D'Iris Radisch, gebuer den 2. Juli 1959 zu Berlin, ass eng däitsch Journalistin an Televisiounsmoderatorin.

Iris Radisch
Gebuer 2. Juli 1959
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Journalist, Televisiounsmoderateur, Literaturkritiker, Schrëftsteller

Nodeem d'Iris Radisch, d'Meedche vun engem Zänndokter an enger Léierin, zu Berlin an d'Schoul gaangen ass, huet si nom Abitur 1978 zu Tübingen an zu Frankfurt am Main bis 1986 Germanistik, Philosophie a Romanistik studéiert.

Hiert Beruffsliewen huet an der Frankfurter Rundschau als Literatur-Redactrice ugefaangen, ier si 1990 bei d'Wochenzeitung Die Zeit gewiesselt huet, wou se de Feuilleton iwwerholl huet.

Vun 1990 bis 2000 war si Jurymember bei den Tage der deutschsprachigen Literatur zu Klagenfurt, fir den Ingeborg-Bachmann-Präis ze verdeelen.

Richteg "bekannt" gouf si am August 2000, wou se vum ZDF fir Das Literarische Quartett engagéiert gouf, wéi d'Sigrid Löffler hirer Wee gaange war, well se mam Marcel Reich-Ranicki net méi eens gouf.