International Astronautical Federation

Déi International Astronautical Federatioun (IAF) huet hire Sëtz zu Paräis. Si gouf 1951 mam Grënnungspresident Eugen Sänger als eng Netregierungsorganisatioun gegrënnt an huet 165 Memberen aus 44 Länner an der ganzer Welt. Si gi vun der Industrie, professionelle Kierperschafte, Regierungsorganisatioune a Geléiertegesellschafte ugefouert.

Si huet Relatiounen zu der International Academy of Astronautics an dem International Institute of Space Law, mat deenen d'IAF all Joer International Astronautesch Kongresser organiséiert.

An enker Zesummenaarbecht mat de Vereenten Natiounen organiséiert d'IAF all Joer de Space Workshop for Developing Nations an hëlt um Unispace III deel. Zesumme mam COSPAR (Committee on Space Research) an dem International Institute for Space Law schafft d'IAF e järlechen Iwwerbléck iwwer Héichpunkten am Weltraum fir d'Vereent Natiounen aus.

President vun der IAF ass am Ament de Berndt Feuerbacher.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren