Intelsat 18

Kommunikatiounssatellit
Intelsat 18
Typ Kommunikatiounssatellit
Bedreiwer Intelsat
COSPAR-Bezeechnung 2011-056A
Fabrikant Orbital ATK
Transponder 24 am C-Band,
12 am Ku-Band
Bandbreet 16 × 72 MHz + 8 × 36 MHz am C-Band an 12 × 72 MHz am Ku-Band
eirp 32–36 dbW
Energieleeschtung 6,8 kW
Batterien zwou 4,84 kWh Li-Ion Batterien
Undriff Zweestoff-Flëssegkeetsrakéiten fir den Transport an den Orbit an Hydrazindreifwierker am Orbit
Aktuell Positioun 180,0° Ost
Start 5. Oktober 2011, 21:00 UTC
Startplaz Baikonur
Startgewiicht 3.200 kg
Satellittebus Star 2.4E
Liewensdauer 17 Joer (geplangt)
Drorakéit Zenit 3SLB
Status aktiv

Intelsat 18 ass en Televisiounssatellit vum International Telecommunications Satellite Consortium (Intelsat) mat Sëtz zu Lëtzebuerg.

De Satellit gouf vun der Firma Orbital ATK gebaut an de 5. Oktober 2011 mat enger Zenit-3-Drorakéit vum Kosmodrom Baikonur aus an de Raum transportéiert. Seng Liewensdauer ass fir 17 Joer virgesinn. D'Zenit-Rakéit hat de Satellit ufanks op eng niddreg Äerdëmlafbunn bruecht an no der Trennung vun der Rakéit um 3:34 Auer UTC de 6. Oktober 2011 mat Hëllef vun e puer Uewerstufenzündunge Blok-DM-SL an e Geotransfertorbit bruecht. Vun do aus koum de Satellit an den nächsten Deeg mat eegenem Undriff op seng definitiv geostationär Positioun bei 180° ëstlecher Längt.[1]

Intelsat 18 ersetzt den Intelsat 701 vun 1993 a beliwwert vu senger Positioun aus Nordamerika, Franséisch Polynesien, d'Cook-Inselen, Australien, Neiséiland, Neikaledonien, Vanuatu, Fiji, Tonga, Samoa a weider Inselen am Pazifik souwéi an Ostasien mat Bild- an Datendéngschter. Dofir huet en zwou ausklappbar Antenne mat jee 2,5 × 2,7 Meter Duerchmiesser an eng um Satellit montéiert Antenn mat 1,4 Meter Duerchmiesser, souwéi 24 C-Band- an 12 Ku-Band-Transpondere mat Wanderfeldrouerverstärker. Déi sinn an zwou Gruppen zu jee 16 resp. 8 Transponderen installéiert, sou datt der 8 resp. 4 als Reserve do sinn. D'Energie kënnt vu véier Panéile mat UTJ-Galliumarsenid-Solarzellen.[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Raumfahrer.net: Zenit-3SLB transportiert Intelsat 18 ins All, Thomas Weyrauch / 6. Oktober 2011
  2. Orbital Science: Intelsat 18 Facts (PDF; 1,4 MB)