D'Ingrida Šimonytė, gebuer de 15. November 1974 zu Vilnius, ass eng litauesch Ekonomistin a Politikerin. Si ass zanter dem 11. Dezember 2020, als Suite vun de Parlamentswalen am November 2020, Premierministesch vu Litauen.

Ingrida Šimonytė
Gebuer 15. November 1974
Vilnius
Nationalitéit Litauen
Educatioun Universitéit Vilnius
Aktivitéit Ekonomist, Politiker, Universitéitsprofesser

D'Ingrida Šimonytė huet op der Universitéit Vilnius e Masterstudium an der Ekonomie gemaach. Vun 1997 un huet si am litauesche Finanzministère geschafft, wou se 2002 Direktesch am Service fir Steiere gouf. Dono gouf se Ministeriumssekretärin. Vun 2009 bis 2012 war d'Šimonytė litauesch Finanzministesch an der Regierung Kubilius II.

Vun 2013 bis 2016 war si Lektorin fir Ekonomie op der Fakultéit fir Mathematik an Informatik vun der Vilniaus Universitetas, a wärend där selwechter Period och Vizepresidentin vun der litauescher Zentralbank (Lietuvos bankas).

Am Oktober 2016 gouf si fir d'TS-LKD als Deputéiert an d'litauescht Parlament Seimas gewielt, a war bei deene vum 11. Oktober 2020 Spëtzekandidatin vun der TS-LKD. Als Resultat koum et zu enger Koalitioun vun hirer Partei mat der Liberaler Beweegung an der Fräiheetspartei. Si selwer gouf de 25. November 2020 als Premierministesch ernannt, an den 11. Dezember mat hirer Regierung vereedegt.

2018 hat si och bei de Presidentschaftswale kandidéiert. Si krut zwar am 1. Tour déi meescht Stëmme vun alle Kandidaten, war awer am 2. Tour dem Gitanas Nausėda ënnerleeën.

Um Spaweck änneren

Commons: Ingrida Šimonytė – Biller, Videoen oder Audiodateien