Igor Matovič

slowakesche Politiker

Den Igor Matovič, gebuer den 11. Mee 1973 zu Borová am Distrikt Trnava, ass e slowakesche Politiker.

Igor Matovič
Gebuer 11. Mee 1973
Nationalitéit Slowakei
Educatioun Comenius-Universitéit Bratislava
Aktivitéit Politiker
Partei Obyčajní ľudia a nezávislé osobnosti

Hien ass, zanter se 2011 gegrënnt gouf, President vun der Partei Obyčajní ľudia a nezávislé osobnosti ("Gewéinlech Leit an onofhängeg Perséinlechkeeten"; OĽaNO) Hie war tëscht dem Mäerz 2020 an em Mäerz 2021 Ministerpresident vun der Slowakei.

De Matovič huet vun 1993 bis 1998 Management op der Comenius-Universitéit zu Bratislava studéiert a war zanter 1997 Geschäftsmann, dorënner vun 2002 bis 2007 Direkter vun engem Verlag.

2012 gouf hien op der Lëscht vun OĽaNO an d'Parlament gewielt an 2016 an 2020 erëmgewielt, woubäi en 2020 Spëtzekandidat vu senger Partei war. Déi krut déi meescht Stëmmen, sou datt de Matovič an enger Koalitioun vun der OĽaNO mat 3 anere Parteien den 21. Mäerz zum Premierminster ernannt gouf.

Den 28. Mäerz 2021 koum et zu enger Regierungsëmbildung, nodeems wéinst Divergenzen iwwer den Ëmgank mat der COVID-19-Pandemie ee Koalitiounspartner ausgetruede war. De Matovič huet doropshi mam Finanzminister Eduard Heger d'Portefeuillë getosch, sou datt de leschtgenannten neie Premierminister gouf.

Um Spaweck änneren

Commons: Igor Matovič – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren