Iernzener Sandsteen
Den Iernzener Sandsteen ass e Sandsteen deen zu Iernzen ofgebaut gëtt.
Wéinst senger Häert an Dauerhaftegkeet an och senger waarmer beige-gieler Faarf gouf dëse Stee gär fir de Bau an och d'Restauréierung vu Fassade vu representative Gebaier gebraucht.
Den Iernzener Sandstee gëtt an enger Carrière um Plateau am Süde vun der Uertschaft exploitéiert, um westlechen Hank vum Dall vun der Wäisser Iernz.
Bauwierker déi (deelweis) mat Iernzener Sandstee gebaut goufen änneren
- Kathedral Notre-Dame, Lëtzebuerg-Uewerstad[1]
- Adolphe-Bréck, Lëtzebuerg-Uewerstad / Lëtzebuerg-Gare[1]
- D'Gebai vun der Gare Lëtzebuerg, Lëtzebuerg-Gare[1]
- D'Gebai vun der Spuerkeess op der Metzer Plaz, Lëtzebuerg-Gare[1]
- Musée royal de l'Afrique centrale, Tervuren, Belsch
- de Buedem an der Lëntgener Kierch
-
d'Kathedral
-
d'Nei Bréck
-
d'Stater Gare
-
d'Spuerkeess-Gebai
-
den Afrika-Musée zu Tervuren
Um Spaweck änneren
- Den Iernzener Sandsteen op der Websäit vun der Entreprise Carrières Feidt [1]
- Technesch Eegenschafte vum Iernzener Sandsteen PDF
Referenzen änneren
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 Websäit vun der Firma Carrières Feidt Gearchiveerd op 2012-05-25. Gekuckt de(n) 2012-01-18.