Idriss Déby
Den Idriss Déby (Arabesch: دريس ديبي), gebuer den 18. Juni 1952 zu Berdoba, a gestuerwen den 20. Abrëll 2021 zu N'Djaména, war en Offizéier a Staatsmann aus dem Tschad. Hie war zanter 1990[1][2] bis zu sengem Doud Staatspresident vum Land.
Idriss Déby | |
---|---|
Gebuer | 18. Juni 1952 |
Gestuerwen |
20. Abrëll 2021 N'Djamena |
Doudesursaach | Kappschoss |
Nationalitéit | Tschad |
Educatioun | Institut aéronautique et école de pilotage Amaury de la Grange |
Aktivitéit | Politiker, Militär |
Partei | MPS |
Famill | |
Bestuet mat | Hinda Deby Itno |
Kanner | Brahim Déby, Mahamat Déby Itno |
Hie koum mat Hëllef vu Frankräich un d'Muecht, andeems en den Hissène Habré vun der Spëtzt vum Land verdriwwen huet. 1992 gouf hien offiziell zum President vun der Republik Tschad ernannt. Bei de Presidentewale vun 1996, 2001, 2006, 2011, 2016 an 2021 gouf hien allkéiers erëmgewielt.
Vun 2016 bis 2017 war hien zousätzlech President vun der Afrikanescher Unioun.
2020 gouf den Déby zum Marschall ernannt, nodeems en eng Offensiv géint Djihadiste gewonnen hat. E puer Méint dono, just nodeems e fir d'fënneft erëmgewielt gouf, gouf en op der Front bei enger géignerescher Offensiv déidlech blesséiert.
Ee vu senge Bouwen, de Generol Mahamat Idriss Déby huet direkt dono d'Spëtzt vum Conseil militaire de transition iwwerholl.
Um Spaweck
ännerenCommons: Idriss Déby – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Idriss Déby, président du Tchad, est mort des suites de ses blessures « sur le champ de bataille », selon l'armée. www.lemonde.fr (2021-04-20). Gekuckt de(n) 2021-04-20.
- ↑ Chad President Idriss Deby killed on frontline, son to take over. www.reuters.com (2021-04-20). Gekuckt de(n) 2021-04-20.