Hygiea-Asteroiden
D'Hygiea-Asteroiden sinn eng Grupp vun donkele kuelestoffhaltegen C- a B-Typ - Asteroiden an der baussenzeger Asteroidenceinture. De gréisste Member vun der Grupp ass den (10) Hygiea mat ronn 400 km Duerchmiesser. Ongeféier 1% vun alle bekannten Asteroiden an der Haaptasteroidenceinture gehéieren zu där Famill.
Déi béid nächstgréisst Membere sinn (333) Badenia an (538) Friederike. Alle béid hu knapps iwwer 70 km am Duerchmiesser.