Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Hydrant ass en Deel vun der zentraler Läschwaasserversuergung vu Stied a Gemengen. En erméiglecht de Pompjeeën, awer och ëffentlechen (z. B. Gemengendéngscht, Ponts et Chaussées) a privaten (z. B. Konstruktiounsfirmen, Betriber, Gemengeclibb fir Fester) Benotzer, Waasser aus dem ëffentleche Waasserleitungsnetz ofzezapen.

En Iwwerflouerhydrant

Iwwerflouerhydrant änneren

En Iwwerflouerhydrant ass, wei den Numm et seet, e fest installéierten Hydrant iwwer dem Buedem an huet e puer Ofgäng mat genormte Kupplungen. Gewéinlech sinn dës d'Nenngréisste B oder C a manner dacks och A, wat deemno vun der Zouleitung ofhänkt.

Bei engem Pompjeesasaz gi fir d'Waasserversuergung eng oder zwou B-Leitunge bei d'Sammelstéck um Pompelagang verluecht. Beim Gebrauch vun zwéi B-Schläich ass den Drockoffall an der Zouleitung net sou grouss, wéi wa nëmmen ee Schlauch geholl gëtt. Sou kann eng méi grouss Streck iwwerbréckt a Waasserquantitéit ofgezaapt ginn.

Ënnerflouerhydrant änneren

 
En Ënnerflouerhydrantendeckel

Vum Ënnerflouerhydrant ass no bausse just den Hydrantendeckel ze gesinn. Den Hydrant selwer läit gutt protegéiert ënner dem Buedem. Virun der Benotzung muss een e Standrouer dropsetzen an den Hydrant mam Hydranteschlëssel opdréien.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hydranten – Biller, Videoen oder Audiodateien