Europäesch Hunnegbei

(Virugeleet vu(n) Hunnegbei)
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

D'europäesch Hunnegbei (Apis mellifera), dacks einfach Hunnegbei oder Bei, gehéiert zu der Famill vun den Apidae, an dodran zu der Gattung vun den Hunnegbeien (Apis). Hiert ursprénglecht Verbreedungsgebitt war Europa, Afrika an dat Viischt Asien.

Well se Hunneg produzéiert, gëtt se vum Mënsch dofir gezillt (Beienzuucht) a s'ass, och well se Bléie bestëpst eent vun de wichtegsten Notzdéieren an der Landwirtschaft. Scho wärend der Kolonisatioun vun anere Kontinenter duerch d'Europäer gouf s'op der ganzer Welt verbreet. Wéi och e puer aner Beienenaarten ass d'Europäesch Hunnegbei e Fluchinsekt, dat an engem Vollek lieft.

An Asie gëtt et nach aacht aner Aarte vun der Gattung Hunnegbei. Et gëtt eng 25 Ënneraarten. ...