Den Htin Kyaw, gebuer den 20. Juli 1946 zu Kungyangon, ass e myanmaresche Schrëftsteller a Politiker vum Vollek vun de Mon.

Htin Kyaw
Gebuer 20. Juli 1946
Nationalitéit Myanmar
Educatioun Universitéit vu London
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Ekonomist

De 15. Mäerz 2016 gouf hie vum myanmaresche Parlament als Nofollger vum Thein Sein zum Staatspresident vu Myanmar (Birma) gewielt. Domat ass hien no iwwer 50 Joer Militärherrschaft déi éischt zivil Persoun an deem Amt. Hien ass Member vun der Partei National Liga fir Demokratie (NLD) vun der Aung San Suu Kyi.

Säi Papp, de Min Thu Wun (1909-2004), war en Dichter, Schrëftsteller, Geléierten an Deputéierten.

Hien huet Ekonomie um Yangon Institute of Economics studiéiert, an dono Computerwëssenschaften zu London a Rangun.

Vun 1970 bis 1992 gouf hie Coursen an huet am Wirtschaftsministère geschafft. Wéinst sengem politeschen Engagement an der Oppositioun huet hie missen domat ophalen, a gouf fir seng Ënnerstëtzung vun der Aung San Suu Kyi ënner Hausarrest gestallt an e puer Méint an de Prisong gespaart.

Zënter 2012 ass hien an der Direktioun vun der Daw Khin Kyi Foundation, déi sech fir besser Liewenskonditioune vun der myanmarescher Bevëlkerung engagéiert.

Den Htin Kyaw ass zënter 1973 mat der Su Su Lwin (* 1946) bestuet, déi och Politikerin an Deputéiert ass. Säi Schwéierpapp U Lwin (1924-2011) war ee vun de Grënner vun der Nationaler Liga fir Demokratie.

Um Spaweck änneren

Commons: Htin Kyaw – Biller, Videoen oder Audiodateien