Den Horsa ass no der Iwwerliwwerung en angelsächsesche Kriger aus dem 5. Joerhonnert an de Brudder vum Hengest (och: Hengist). Hie soll bei der Invasioun vu Britannien an der Ënnerwerfung vun de fréiere Romano-Britten an de Kelten dobäi gewiescht sinn. Et gëtt gesot hie wier an enger Schluecht an der Grofschaft Kent gefall, an et wier e Monument zu senger Erënnerung opgeriicht ginn.

Déi éischt Informatioun iwwer den Horsa staamt vum Beda Venerabilis.

De brittesche Laaschtesegler Horsa gouf 1940 no him benannt.

Déi ostwestfälesch Stad Bünde huet an hirem Wopen zwéi Ritter déi sech d'Hänn reechen. Der So no handelt et sech ëm den Horsa an den Hengis déi sollen op der Plaz wou haut d'Stad steet, e Bëndnes geschloss hu wéinst der Eruewerung vun England. Zu Bünde gëtt et haut nach eng Horsastrooss an eng Hengisstrooss.