Den Horacio Manuel Cartes Jara, gebuer 5. Juli 1956 zu Asunción a Paraguay, ass ee paraguayeschen Entreprener, Politiker, a Staatspresident vu Paraguay. Hien huet säin Amt de 15. August 2013 ugetrueden.

Horacio Cartes
Gebuer 5. Juli 1956
Asunción
Nationalitéit Paraguay
Aktivitéit Politiker

Vun den 1990er Joren un huet hien no an no e Firmenimperium aus Banken, Tubak-, Gedrénks- a Liewemsmëttelfirmen an Handelsentreprisen opgebaut. Hien ass ee vun de räichste Persounen am Paraguay[1] an ass och President vum Foussballclub Club Libertad.

2009 gouf de Cartes Member vun der Partido Colorado. Am Dezember 2012 gouf hien hire Presidentschaftskandidat. Am Abrëll 2013 gouf e mat 45,8 % vun de Stëmmen zum Staatspresident gewielt[2]

Referenzen änneren

  1. Horacio Cartes gewinnt Präsidentschaftswahl in Paraguay - SPIEGEL ONLINE [1]
  2. Walresultater op abc.com