Highkey-Fotografie ass e kënschtleresche Stil, bei deem hell Faarftéin d'Iwwerhand hunn, an dee besonnesch an der Schwaarzwäissfotografie an an der Moudefotografie gebraucht gëtt.

Foto an Highkey-Technik

Dee Stil huet näischt mat Iwwerbeliichtung ze dinn.

Highkey-Fotoe ginn am Prinzip an engem Fotostudio gemaach, an deem en hell beliichte Fong néideg ass. Duerch eng Beliichtungskorrektur a vill Fangerspëtzegefill ass et méiglech "hell op hell" ze schaffen, an eng Foto ze maachen, déi bal nëmmen aus hellen Téin besteet.

Duerch eng Digital Fotonobeaarbechtung loosse sech Effete filteren, déi dem Highkey gläichen, mä de wichtegsten Deel spillt sech am Studio of.

De Konträr ass Lowkey-Fotografie.

Um Spaweck änneren

Commons: Highkey-Fotografie – Biller, Videoen oder Audiodateien