Sechseck
Villeck
(Virugeleet vu(n) Hexagon)
E Sechseck oder Hexagon (vum griich. héxa, „sechs“ a γονία, gonía, „Wénkel; Eck“) ass e Polygon (Villeck), deen aus sechs Ecken a sechs Säite besteet.
Wann all 6 Säiten d'selwecht laang sinn, schwätzt ee vun engem "gläichsäitege Sechseck". Wann och nach d'Wénkelen d'selwecht grouss sinn, nennt een dat e regulären oder reegelméissege Sechseck.
Konstruktioun
ännerenE reguläre Sechseck kann een einfach aus engem Krees konstruéieren, andeems een de Radius vum Krees sechsmol op de Bord vum Krees mat engem Zierkel iwwerdréit. Déi Punkten, déi sou entstinn, sinn d'Ecke vum Sechseck.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Hexagons – Biller, Videoen oder Audiodateien |