Heuneburg
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Heuneburg ass eng Siidlung op enger Kopp um ieweschte Laf vun der Donau zu Hundersingen an der Gemeng Herbertingen, ongeféier 14 Kilometer ëstlech vu Sigmaringen a Baden-Württembuerg.
Nobau vu Keltenhaiser an der Heuneburg | |
Land | Däitschland |
---|---|
Plaz | Hundersingen |
Koordinaten | 48°5'41"N, 9°24'43"O |
Et war eng befestegt Plaz vun engem fréikelteschen Herrschaftssëtz aus dem 6. Joerhonnert v. Chr. Déi 300 Meter laang a bis zu 150 Meter breet Anlag ass eng vun de bekanntste Plaze vun der keltescher Zäit a Mëtteleuropa. Si war do op engem Handelswee dee bis op den Neckar a weider op de Rhäin gefouert huet, gebaut ginn. Et war eng Dréischeif vum Handel mat färe Länner, iwwer d'Alpecollen an Directioun Italien. Et war iwwer déi Handelsstrooss wou d'Wueren an d'Iddien an den Norde koumen, wéi z. B. d'Technike fir Haiser mat Leemzillen ze bauen. Déi Technik war bis dohin an Zentraleuropa onbekannt. Déi 750 m laang a 4 Meter héich Rankmauer mat engem Wiergank an zwou Paarten, war och exceptionell.
Dem Archeolog Dirk Krausse no hätten ongeféier 3.500 Leit do kënne wunnen, an et wier warscheinlech déi legendär keltesch Stad Pyrene, déi den Herodot a senge Schrëften ernimmt.
Déi archelogesch Entdeckunge loossen trotz e puer onerkläerten Hiwäiser op eng laang Friddenszäit schléissen. Buerg gouf stänneg an der Rei gehalen an dunn no ongeféier 170 Joer, stënterlech opginn, warscheinlech well d'Handelsstroosse geännert haten.