Het Wilhelmus
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der hollännescher Hymn. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wilhelmus (Homonymie). |
Het Wilhelmus („De Wëllem“), offiziell Wilhelmus van Nassouwe („Wëllem vun Nassau“), ass zënter 1932 d'National- a kinneklech Hymn vun Holland.
D'Lidd ass zënter 1574 bestätegt a geet op den Ufank vum Achtzegjärege Krich zeréck. Den Opstand vun den Nidderlanden géint de Felipe II. vu Spuenie gouf vum Wëllem I. vun Orange-Nassau ugefouert, engem Virfar vun der kinneklecher Famill vun Holland.
Het Wilhelmus zielt als eng vun den eelsten Nationalhymnen op der Welt, s'ass awer eréischt zënter 1932 déi offiziell Nationalhymn vun Holland.
Text
ännerenDen Originaltext ass als Akrostichon geschriwwen, d. h. e Gedicht bei deem déi éischt Buschtawe vun all de Versen en neit Wuert oder en Numm erginn; an dësem Fall ass et „Willem van Nazzov“ ((lb) Wëllem vun Nassau).
Het Wilhelmus an de Lëtzebuerger Wilhelmus hunn e gemeinsamen Ursprong. Den Text vu béiden Hymne war bis 1915 identesch, well e sech op de Kinnek vun Holland bezunn huet, dee bis 1890 a Personalunioun och Groussherzog vu Lëtzebuerg war.
Den ursprénglechen Text ass a Mëttelhollännesch geschriwwen, eng Versioun déi warscheinlech eng Transkriptioun vun engem verluerene Fréineihéichdäitschen Originaltext ass.
Original vu 1568 | Offiziellt Hollännescht | Däitsch Iwwersetzung |
---|---|---|
Wilhelmus van Nassouwe |
Wilhelmus van Nassouwe |
Wilhelm von Nassau |
Kuckt hei drënner fir de ganzen Text.
Um Spaweck
ännerenWikisource: Het Wilhelmus – Quellentexter |
Commons: Wilhelmus – Biller, Videoen oder Audiodateien |