Heraclitus (Moundkrater)

Moundkrater


Den Heraclitus ass en Aschlagkrater am Süde vun der viischter Moundsäit, ëstlech vum Krater Maginus a südwestlech vum Krater Licetus. De Krater ass zimmlech dacks iwwerlagert, sou datt den éischte Krater knapps nach ze gesinn ass. De südwestlechen Deel gëtt vum Heraclitus D iwwerlagert, de Rescht schéngt an zwee gedeelt ze sinn, méiglecherweis mat Brochstécker vun engem Zentralbierg.

Heraclitus
De Moundkrater Heraclitus mat Niewekrateren
(LROC-WAC)
Koordinaten 49°18'36"S, 6°25'12"O
Duerchmiesser 84,66 km
Déift 4260 m[1]
Selenographesch Längt 355° bei Sonnenopgank
Genannt no Heraklit
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ27
Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 49,43° S, 4,45° O7 6 km [1]
C 48,9° S, 6,14° O7 7 km [2]
D 50,56° S, 5,04° O7 53 km [3]
E 49,74° S, 6,49° O7 7 km [4]
K 49,64° S, 3,37° O7 17 km [5]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom griichesche Philosoph Heraklit vun Ephesos genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.