Henri de Samrée

Jesuitt, Reliounshistoriker an Humanist

Den Henri Samerius / de Samrez / de Samrée, gebuer den 28. Januar 1540 zu Samrée, bei La Roche-en-Ardenne, deemools am Herzogtum Lëtzebuerg, a gestuerwen de 5. Januar 1610 an der Stad Lëtzebuerg, war e Jesuitt, Reliounshistoriker an Humanist.

Henri de Samrée
Gebuer 28. Januar 1540
Samrée
Gestuerwen 5. Januar 1610
Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Priedeger

Den Henri de Samrée ass ëm 1561 zu Köln an d'Noviziat agetratt a gouf du Jesuittepater.

Am Laf vu senger Carrière huet hie Grammaire enseignéiert an als Priedeger gewierkt, ë. a. a Frankräich, an de Spueneschen Nidderlanden a ganz besonnesch bei den Arméistruppen, wou hien un der Spëtz vun de Militär-Aumôniere stoung. Hie war och eng Zäit Direkter vun Internater zu Lyon, respektiv zu Billon, an huet deemools eng diplomatesch Vermëttlerroll tëscht der kathoulescher Partei, ugeféiert vun der Famill de Guise, an dem Hellege Stull gespillt. Spéider huet hie sech, als Dokter getarnt, Zougang zur schottescher Kinnigin Maria Stuart beschaf, déi vun der englescher Kinnigin Elisabeth I. gefaangegehale gouf, a war jorelaang hire geheime Beichtvater. Well hien an de Verdacht koum e Spioun ze sinn, gouf hie gefaangegeholl, awer kuerz duerno fräigesat. Hien ass dunn op Lëtzebuerg gaange wou hie 1610 gestuerwen ass.

Wierk änneren

  • Chronologia sacra ab orbe condito usque ad Christum natum ; 1608.
  • Alfred Poncelet, S.J. (Editeur): Lettre inédite du P. Henri Samerius, S.J. (traitant des "Troubles des Huguenots en 1559-1569") ; in: Analectes pour servir à l'histoire ecclésiastique de la Belgique, 3e série, VIII, 1912 - Louvain, Bureau des Analectes. In-8°, 57 Säiten.