Henri Mausen
lëtzebuergeschen Dokter a Politiker (CSV)
Den Henri Mausen, ass e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker (CSV).
Hie war vun 1988 bis 1994[1] an nees vun 2011 bis 2017 Buergermeeschter vun Gemeng Réiden op der Atert[2].
Bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 gouf den Henri Mausen als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Hie gouf no sengem Récktrëtt, de 7. November 1989, vum Ernest Petry ersat.[3]
Referenzen
änneren- ↑ Interview mam Henri Mausen am Rendez-vous Magazine Luxembourg n°3
- ↑ Vereedegung vum Henri Mausen als Buergermeeschter vu Réiden op der Atert 2011 op der Websäit gouvernement.lu
- ↑ Lëscht vun den Deputéierten no 1944 am COMPTE RENDU DES TRAVAUX DE LA CHAMBRE DES DÉPUTÉS DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG SESSION ORDINAIRE 2012-2013