Henri Habig

lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker

Den Henri Habig, gebuer den 12. Januar 1886 zu Paräis (18. Arrond.), a gestuerwen de 24. Oktober 1945 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker.[1]

Henri Habig
Gebuer 12. Januar 1886
Paräis
Gestuerwen 24. Oktober 1945
Esch-Uelzecht
Aktivitéit Gewerkschaftler, Lokalpolitiker

Hien huet um Belval geschafft a war do vun 1925 bis 1929 President vun der Aarbechterdelegatioun. Vun 1927 bis 1932 war hie President vun der Escher Lokalsektioun vun der Gewerkschaft LAV.

Vun 1933 bis zu sengem Doud war hie Gemengeconseiller zu Esch fir Lëtzebuerger Aarbechterpartei. Ausserdeem war hie Vizepresident vun der Aarbechterkummer.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot de 19. Dezember 1966 decidéiert, eng nei Strooss am Quartier Wobrécken no him ze nennen.[1]


Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Quell, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.102.