Heinrich Schiff
éisträicheschen Cellist an Dirigent
Den Heinrich Schiff, gebuer den 18. November 1951 zu Gmunden a gestuerwen den 23. Dezember 2016 zu Wien, war en éisträicheschen Cellist an Dirigent.
Heinrich Schiff | |
---|---|
Gebuer |
18. November 1951 Gmunden |
Gestuerwen |
23. Dezember 2016 Wien |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Dirigent, Universitéitsprofesser, Cellist |
Den Heinrich Schiff kënnt aus enger Musekerfamill, seng Elteren den Helmut Schiff an d'Helga Riemann ware Komponisten. Hien huet mat sechs Joer ugefaange Piano a mat 10 Joer Cello ze léieren.
Als Cellist huet hie mat Dirigente wéi Claudio Abbado, Sergiu Celibidache, Colin Davis, Christoph von Dohnányi, Nikolaus Harnoncourt, Zubin Mehta, Giuseppe Sinopoli a Franz Welser-Möst geschafft. De Pianist a Komponist Friedrich Gulda huet fir hien e Konzert für Violoncello und Blasorchester geschriwwen.