Haupeschkapell vun Allënster
kathoulesch Kapell an der Gemeng Jonglënster
D'Haupeschkapell zu Allënster ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Jonglënster gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kapell vun Allënster aus westlecher Richtung | ||||
Uertschaft / Plaz | Allënster | |||
Par | Regioun Iechternach Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Haupert | |||
Koordinaten | 49° 43’ 16.0’’ N 06° 12’ 56.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert (Hubertus), deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Duerfzentrum op der Kräizung vun der rue de Luxembourg an der rue de Larochette, dem CR119, mat der rue de Junglinster, dem CR130A.
Zur fréierer Par Jonglënster hunn ausser der Kapell vun Allënster och nach d'Parkierch vu Jonglënster, d'Filialkierch zu Gonnereng an d'Filialkierch zu Guedber gehéiert.
D'Kapell vun Allënster gouf de 7. Februar 1984 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter agedroen.[1]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Haupeschkapell vun Allënster – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Biller
änneren-
D'Kapell vun Allënster (Nordostsäit)
-
Den Altor vun der Kapell
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).