Den Harald V. vun Norwegen, gebuer den 21. Februar 1937 zu Skaugum bei Oslo, ass zanter dem Doud vu sengem Papp Olav V., de 17. Januar 1991, Kinnek vun Norwegen. Hien ass aus dem Haus Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg, enger Niewelinn vum Haus Oldenburg.

Harald V. vun Norwegen
Titelen
Kinnek vun Norwegen
Zäit zanter dem 17. Januar 1991
Virgänger Olav V.
Biographie
Gebuer 21. Februar 1937
Bestuet mat Sonja Haraldsen
Geschwëster Ragnhild vun Norwegen
Kanner Haakon vun Norwegen

Als Kinnek vun Norwegen huet den Harald V. virun allem representativ, ma och wichteg konstitutionell Aufgaben. Hien ernennt an entléisst d'Ministeren, hie mécht d'Parlamentssessiounen op a sanktionéiert Gesetzer.

Den Harald V. ass de Jong vum Olav V. an der Krounprinzessin Märtha, gebuer Prinzessin vu Schweden, Den Harald ass deen éischten norwegesche Kinnek zanter dem Olav IV., am Joer 1370, deen am Land gebuer ass.

No sengem Lycée ass hien op déi norwegesch Militärakademie an an de Balliol College zu Oxford gaangen. 1957 gouf säi Papp Olav V. Kinnek an hie selwer Krounprënz.

Den 29. August 1968 huet hien d'Sonja Haraldsen an der Osloer Kathedral bestuet. Säi Papp hat eréischt no 9 Joer seng Awëllegung zum Bestietnes mat enger net-Adleger Fra ginn. Si hunn zwee Kanner, d'Prinzessin Märtha Louise an de Krounprinz Haakon.

Den Harald V. huet e puermol Norwegen am Seegele bei den Olympesche Spiller vertrueden.

Um Spaweck änneren

Commons: Harald V. – Biller, Videoen oder Audiodateien