Halla Tómasdóttir

islännesch Enterpenerin a Politikerin

D'Halla Tómasdóttir, gebuer den 11. Oktober 1968 zu Reykjavík, ass eng islännesch Geschäftsfra. Si gouf den 1. Juni 2024 als Presidentin vun Island gewielt.

Halla Tómasdóttir
Gebuer 11. Oktober 1968
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun Verzlunarskóli Íslands,
Thunderbird School of Global Management
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun
Partei Onofhängeg

Si huet en MBA vun der Thunderbird School of Global Management zu Glendale an Arizona an huet 10 Joer laang an de Vereenegte Staate fir Liewensmëttelkonzerner geschafft. Vun 2006 bis 2007 war si Generaldirektesch vun der islännescher Handelskummer (Viðskiptaráð Íslands). 2007 huet si eng Finanz- an Investmentgesellschaft matgegrënnt.

2016 hat se schonn eng Kéier fir Presidentin vun hirem Land kandidéiert, gouf awer net gewielt.

Um Spaweck

änneren
Commons: Halla Tómasdóttir – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren