Hadrian
Den Hadrian (Publius Aelius Hadrianus, Titulatur als Keeser: Imperator Caesar Traianus Hadrianus Augustus), gebuer de 24. Januar 76 zu Italica, no beim haitege Sevilla oder zu Rom, a gestuerwen den 10. Juli 138 zu Baiae, war de véierzéngte réimesche Keeser.
Hadrian | |
---|---|
Büst aus der ZäIt vun 117 bis 138 n. Chr. | |
Gebuertsnumm | Publius Aelius Hadrianus |
Gebuer |
24. Januar 76 jul. Italica |
Gestuerwen | 10. Juli 138 jul. |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Réimescht Räich |
Aktivitéit | Souverain, Politiker, Militär, Dichter |
Famill | |
Papp | Trajan |
Hien huet vun 117 bis zu sengem Doud regéiert. Als Herrscher huet hie sech intensiv drëm gekëmmert, d'Eeenheet vum Réimesche Räich ze festegen, de Wuelstand ze fërderen, an d'Infrastruktur an d'Justiz ze stäerken. Seng Regierungszäit war, well e just e puer wéineg Kricher gefouert huet, gréisstendeels eng Period vu Fridden. Op militäreschem Plang huet hie sech virun allem op eng effizienter Organisatioun vun der Verdeedegung vu Räich konzentréiert. Dozou hu besonnesch d'Grenzbefestegunge gehéiert, déi en uleeën oder ausbaue gelooss huet, dorënner och deen no him genannten Hadrianswall. Hien huet déi griichesch Kultur héich an Éiere gehalen, besonnesch d'Stad Athen. A senger Regierungszäit goufen d'Bibliothéik vun Athen, de Pantheon an d'Engelsbuerg zu Roum, sowéi d'Hadriansvilla bei Tivoli gebaut.
Privat huet seng homoerotesch Bezéieung zum fréi gestuerwenen Antinoos eng zentral Roll gespillt. No sengem Doud huet den Hadrian am ganze Räich duerchgesat, datt e kultesch veréiert sollt ginn. Dës Veréierung huet am Osten, ma och an Italie vill Uklang fonnt.
Den Hadrian hat seng Nofolleg nach zu Liefzäiten op zwou Generatioune festgeluecht, wat dozou gefeurt huet, datt seng Konsolidéierung vum Räich ënner sengen Nofollger Antoninus Pius a Marcus Aurelius konntvirugefouert ginn.