Haas-Haus

(Virugeleet vu(n) Haas Haus)

D'Haas-Haus ass e Gebai um Wiener Stock-im-Eisen-Platz am 1. Bezierk, vis-à-vis vum Stephansdoum.

D'Haas Haus zu Wien

Dat éischt Gebai dat d'Teppechhaus Philipp Haas do baue gelooss huet, war e prunkvolle Bau no Eisestänner-Baumanéier. Et gouf am Stil vum Historismus vun 1866 bis 1867 gebaut. D'Architekte vum Bauwierk waren den August Sicard von Sicardsburg an den Eduard van der Nüll.

Nodeem d'Gebai am leschte Krichsjoer vum Zweete Weltkrich 1945 zerstéiert gi war, stoung op där Plaz en Neibau vum Carl Appel a Max Fellerer deen an de Joren 1951 bis 1953 gebaut gouf. Dat Gebai gouf 1985 ofgerappt an duerch dat haitegt Haas-Haus ersat. D'Bauwierk, dat vum Architekt Hans Hollein geplangt gouf, setzt besonneg duerch de verspigelten Erker e staarken Akzent. Well d'Gebai an direktem Kontrast zum Stephansdoum steet, dee just vis-à-vis steet, koum et ëmmer nees zu Debatten.

Opgaangen ass d'Gebai den 19. September 1990 an ass haut e Rendez-vous fir d'Wiener High Society.

Um Spaweck änneren

Commons: Haas-Haus (Wien) – Biller, Videoen oder Audiodateien