Hämichtbaach (Wemperbaach)
Baach am Éislek
D'Hämichtbaach ass eng kleng Baach am Éislek, an e rietsen Niewefloss vun der Wemperbaach.
Si huet hir Quell op enger Héicht vu 455 Meter zu Bënzelt[1] a leeft vun do aus no Südosten, fir no engem Laf vu ronn engem Kilometer op der Héicht vum CR355 an d'Wemperbaach ze lafen.