Gyula Horn

ungaresche Politiker

De Gyula Horn, gebuer de 5. Juli 1932 zu Budapest an och do den 19. Juni 2013 gestuerwen, war en ungaresche Politiker.

Gyula Horn
Gebuertsnumm Horn Gyula János
Gebuer 5. Juli 1932
Budapest
Gestuerwen 19. Juni 2013
Budapest
Nationalitéit Ungarn
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Ekonomist

Hie war 1989/1990 Ausseminister a vun 1994 bis 1998 Ministerpresident vun Ungarn. Hie gouf international bekannt, duerch seng Kontributioun um Ofbau vum Eisene Rideau.

Den 18. Abrëll 1989 huet Ungarn domat ugefaangen d'Grenzbefestegunge laanscht Éisträich ofzebauen. De 27. Juni huet den Horn bei Sopron zesumme mam éisträicheschen Ausseminister Alois Mock de pickegen Drot laanscht Grenz an engem symboleschen Akt duerchgepëtzt. Den Horn huet den 10. September 1989 op der ongrescher Tëlee ugekënnegt, datt déi vill DDR-Bierger, déi am Land waren, ausreesen däerften. An de Wochen duerno sinn Dausende vun DDR-Bierger iwwer dës Grenz an de Weste geflücht.

Gielercher

änneren
  •   Großes Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Um Spaweck

änneren
Commons: Gyula Horn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten