Guy Nègre
De Cyril Guy Nègre, gebuer den 8. Februar 1941 zu Narbonne, a gestuerwen de 24. Juni 2016, war e franséische Constructeur, deen un der Entwécklung vun engem Drockloftmotor fir kleng Stadgefierer geschafft hat.
Guy Nègre | |
---|---|
Gebuertsnumm | Guy Joseph Jules Nègre |
Gebuer |
8. Februar 1941 Narbonne |
Gestuerwen |
24. Juni 2016 Carros |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Ingenieur |
Den Nègre war als éischt an der Aeronautik beschäftegt an huet duerno op eege Fauscht Formel-1-Motoren entwéckelt (déi et awer ni bis zum Asaz bruecht hunn), bis datt e sech vun der Iddi vu Motoren ouni Schuedstoffemissioune begeeschtere gelooss huet. 1991 huet e mat enger 160 Investisseuren déi lëtzebuergesch Gesellschaft Motor Development International S.A. (MDI) gegrënnt, déi 1996 eng éischt Versioun vun engem Drockloftmotor virgestallt huet. De Konzept vum Drockloftmotor huet zanterhier e puermol missen ëmgeschafft ginn an e sollt fréiestens 2009 bei engem seriëméissege produzéierten Auto agebaut ginn. (Allerdéngs gouf iwwer 15 Joer reegelméisseg d'Serieproduktioun fir jeeweils dat lafend oder nächst Joer ugekënnegt.)
De Guy Nègre huet e Bouf Cyril, dee mëttlerweil och bei MDI als Ingenieur schafft an do ë. a. mat sengem Papp am Verwaltungsrot sëtzt.