Guy Corbisier

belschen Offizéier a Resistenzler

De Guy José Florent Corbisier gebuer den 29. Juli 1920 zu Berchem/Antwerpen a gestuerwen op der Maulesmillen den 21. Mäerz 1945 war e belschen Offizéier, Resistenzler an SOE-Agent wärend dem Zweete Weltkrich.

Guy Corbisier
Gebuertsnumm Guy José Florent Corbisier
Gebuer 29. Juli 1920
Berchem
Gestuerwen 21. Mäerz 1945
Maulesmillen
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Offizéier, Geheimagent, Resistenzler

De Guy Corbisier war ee vun de 6 Besatzungsmembere vun der Lockheed Hudson FK803 "MA-N", vum 161. RAF-Geschawder déi beim Fligeraccident op der Maulesmillen ëm Liewe koumen.

Als Resistenzler war hien ënner den Decknimm Benedict, Cavillot, Mathilde, Mardian, a Stanilas bekannt.

D'Missioun bei där hien ëm d'Liewe koum, hat iwwregens och de Codenumm Operation Benedict.

Hie gouf zesumme mat deene fënnef aneren op der Plaz vum Accident am Bësch begruewen.

Gielercher änneren