Gustave Dewalque
De Gilles Joseph Gustave Dewalque, gebuer den 2. Dezember 1826[1] zu Stavelot, a gestuerwen den 3. November 1905 zu Léck, war e belsche Medezinner a Geolog.
Gustave Dewalque | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gilles Joseph Gustave Dewalque |
Gebuer |
2. Dezember 1826 Stavelot |
Gestuerwen |
3. November 1905 Léck |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Geolog, Mineralog, Universitéitsprofesser, Botaniker, Dokter, Paleontolog |
De Gustave Dewalque huet fir d'éischt Medezin op der Universitéit vu Léck studéiert a gouf do 1853 Dokter an der Medezin proklaméiert. Hien huet dono op der Faculté des sciences weider studéiert an 1854 den Diplom als docteur en sciences naturelles kritt.
1855 ass hie Repetent fir de Mineralogies- an de Geologiescours vun der Lécker Universitéit ginn. 1857 gouf hien do extraordinären an 1865 ordinäre Professer fir Mineralogie, Geologie a Paleontologie.
Zu Stavelot ass eng Strooss no him genannt.[2] Hie war de Grousspapp vum Jesuitt Gustave Le Paige, dee wéinst sengen archeologeschen Entdeckungen am Chile bekannt gouf.
Publikatiounen
ännerenDen Dewalque huet iwwer 550 Publikatiounen redigéiert, dorënner 118 Notizen fir d'Biographie nationale de Belgique. Aus lëtzebuergescher Siicht si besonnesch seng Publikatiounen iwwer de Lias interessant. National an international ass hie besonnesch duerch säi Prodrome d'une description géologique de la Belgique bekannt ginn.
- Note sur les divers étages qui constituent le lias moyen et le lias supérieur dans le Luxembourg. Bulletin de la société géologique de France, 2e série, t. 11, p. 546-561.[1]
- Observations critiques sur l'âge des grès liasiques du Luxembourg, avec une carte des environs d'Arlon. Bulletins de l'Académie royale des Sciences, des Lettres et des Beaux-Arts de Belgique, t. 2, 2e série, 1857, p. 343-354.[2]
- Description du lias de la province de Luxembourg. Dissertation inaugurale. Liège 1857, 64 p.[3]
- Prodrome d'une description géologique de la Belgique. Bruxelles, Liège 1868, 442 p.[4]
Literatur
änneren- Anonymous, 1906. Obituary: Professor Gilles-Joseph-Gustave Dewalque, form. memb. Geol. Soc. Lond. Geological Magazine, Volume 3, Issue 1, January 1906 , p. 48.[5]
- Bibliographie nationale, 1886. Dictionnaire des écrivains belges et catalogue de leurs publications, 1830-1880. Tome 1. A-D. Supplément. Bruxelles, P. Weissenbruch, 638 p. [Kraus Reprint, Nendeln/Liechtenstein, 1974].
- Fourmarier, Paul, 1965. Gustave Dewalque. Biographie Nationale de Belgique, tome 33, supplément tome 5 (fascicule 1er): col. 255-261.[6]
- Groessens, E. & M.C. Groessens-Van Dyck, 2001. De geologie. In: R. Halleux, G. Vanpaemel, J. Vandersmissen & A. Despy-Meyer (red.): Geschiedenis van de wetenschappen in België. 1815-2000. Dexia, Brussel; La Renaissance du Livre, Tournai, Deel 1, S. 269-288 (Dewalque: 279-283).[7]
- Le Roy, Alphonse, 1869. Dewalque (G.-J. Gustave). In: L'Université de Liège depuis sa fondation. Liber memorialis. Liège 1869, col. 809-816.[8]
- Lohest, Max, 1911. Notice sur Gustave Dewalque. Annuaire de l'Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, 77, p. 53-103.[9]. (Idem: Annales de la Société Géologique de Belgique, 38 (1911), p. B77-B158).
- Commandeur vum Ordre de Léopold
- Officier vum Ordre des Sts. Maurice et Lazare
Um Spaweck
änneren- Bestor: Dewalque, Gilles-Joseph-Gustave (1826-1905).
- Histoire de la Minéralogie à l'Université de Liège.
- Lucius, M., 1959. Aperçu historique sur les recherches géologiques au Luxembourg. Première partie: Du commencement des recherches géologiques dans notre pays jusqu'à la publication de la carte de N. Wies. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 62 (1957): 130-141 (Dewalque: S. 134).[10]
Referenzen
änneren- ↑ Acte de naissance; Geneanet. Bibliographie nationale 1886, S. 562; Anonymous 1906; Groessens & Groessens-Van Dyck 2001, S. 279. – Verschidden Auteure ginn 1827 (Le Roy 1869) respektiv 1828 (Lohest 1911, Fourmarier 1966) als (falscht) Gebuertsjoer un.
- ↑ Répertoire des rues de Stavelot.
- ↑ (fr)Professor Dewalque. Gekuckt de(n) 7 6 2020.