De Guillaume Koener gebuer den 30. Mäerz 1882 op der Aasselbuerer Millen, a gestuerwen zu Klierf de 5. Mäerz 1953 war e lëtzebuergeschen Dokter, deen am ganze Klierfer Kanton bekannt a beléift war.

Guillaume Koener
Gebuer 30. Mäerz 1882
Gestuerwen 5. Mäerz 1953
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter

Hie war ee villsäitegen Dokter, well hien huet sech a ville Beräicher vun der Medezin auskannt. Hien huet Chirurgie gemaach, Accoucheur, an huet och als Zänndokter an Zänntechniker geschafft, an hat dofir säin eegene Laboratoire ageriicht.

Wann Nout um Mann war huet hien och nach Véidokter gespillt.