Guillaume Joseph Dupaix

De Guillaume Joseph Dupaix, alias Guillermo Dupaix, gebuer den 22. Januar 1746 zu Vielsalm (deemools am Herzogtum Lëtzebuerg) a gestuerwen 1818 a Mexiko, war e lëtzebuergeschen Archeolog an Entdeckungsreesenden, deen als Pionéier vun der prekolumbianescher Archeologie a Mexiko gëllt.

Guillaume Joseph Dupaix
Gebuer 22. Januar 1746
Vielsalm
Gestuerwen 8. Juni 1817
Mexiko-Stad
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Archeolog, Offizéier, Schrëftsteller

Hien huet seng Carrière an der spuenescher Arméi gemaach. Seng Mamm ass bei senger Gebuert gestuerwen a säi Papp huet sech nees bestuet an ass mat der Famill op Fréiseng geplënnert. De Guillaume Dupaix ass 1767 mat 21 Joer a Spuenien an d'Arméi gaangen. 1784 gouf hien teniente (Lieutenant) a 1790 Capitaine. Hien ass 1791 a Neispuenien gaangen a sollt déi lescht 27 Joer vu sengem Liewen a Mexiko verbréngen.

Nodeems hien 1801 mat 55 Joer pensionéiert gouf, huet de Vize-Kinnek José de Iturrigaray hien am Oktober 1804 beoptragt, tëschent 1805 an 1809 dräi kinneklech archeologesch Expeditiounen ze féieren, fir antik Monumenter a Skulpturen an Neispuenien ze dokumentéieren. Den Dupaix ass Auteur vun engem ëmfangräichen archeologesche Wierk.

Bibliographie änneren

  • 1834. Antiquités Mexicaines. Relation des trois expéditions du Capitaine Dupaix ordonnés en 1805, 1806 et 1807, pour la recherche des antiquités du pays notamment celles de Mitla et de Palenque; accompagnée des dessins de Castañeda. Vols. 1-3. Paris.
  • 1969. Expediciones acerca de los monumentos de la Nueva España, 1805-1808. Madrid.

Literatur änneren

  • Le Brun, F., C. Wey & L. López Lujan, 2020.
    • Un tournant fondamental. Dupaix et Humboldt: précurseurs de l'archéologie du «Nuevo Mundo» (1/3). Die Warte 36/2636 vum 9. Januar 2020, S. 6-7.
    • Un explorateur luxembourgeois méconnu. Guillaume alias "Guillermo" Dupaix (1746-1818) est à l'origine des premières expéditions archéologiques au Mexique (1805-1808). Die Warte 37/2637 vum 16. Januar 2020, S. 4-5.
    • Une rencontre décisive. Dupaix et Humboldt à Mexico en 1803 ou l'essor de l'Archéologie du «Nuevo Mundo» (3/3). Die Warte 39/2639 vum 30. Januar 2020, S. 4-5.
  • Le Brun-Ricalens, F., 2014. Guillaume Joseph Dupaix (1746-1818) alias Guillermo Dupaix : un Luxembourgeois méconnu aux origines de l'archéologie précolombienne et mexicaine. Archaeologia luxemburgensis 1: 130-151.
  • López Luján, L., 2015. El capitán Guillermo Dupaix y su álbum arqueológico de 1794. [1].