De Guillaume Ernser, alias Ernzer[1], gebuer den 21. Juli 1773 zu Wolsfeld, gestuerwen den 20. September 1820 am Alter vu 47 Joer, war e lëtzebuergeschen Händler a Gemengepolitiker.[2]

Guillaume Ernser
Gebuer 21. Juli 1773
Gestuerwen 20. September 1820
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Hie war de Fils vum Mathias Ernser an der Elisabeth Meyres (Mayers). Hie war mat der Madeleine Leonardy (Leonardi) bestuet[3] an huet an der "rue de Trèves" (d. h. "Hovelek"), Nr. 239, gewunnt.[2]

De G. Ernser war Buergermeeschter vun Iechternach vum 1. Mee 1798[4] bis den 29. Abrëll 1799 a vum 21. Januar 1818[4] bis den 9. Mäerz 1819.[2]

De 26. Oktober 1829 hunn d'Veuve Ernser, Proprietär zu Iechternach, an hir groussjäreg Kanner een Deel vun hirem Besëtz ëffentlech versteeë gelooss, an zwar: 1. eng Mielmillen, 2. eng Uelegmillen an eng Seeërei mat engem Wunnhaus an engem Stall, 3. eng Follmille mat engem Wunnhaus, enger Scheier an engem Stall, 4. Gäert, Stécker a Wisen, déi un dës Millen, déi allen dräi no beieneen un der Lauterburer Baach louchen, gestouss hunn, an dann nach e Bësch, deen no dobäi louch, a weider Stécker a Wisen, déi um Gebitt vun der Stad Iechternach situéiert waren. D'Stee war an der Uelegmillen, den Nottär Michel Witry huet sech ëm dat Ganzt gekëmmert.[5]

Referenzen an Notten änneren

  1. Dieschbourg, C., 2007. Die Mühlen des Müllerthals im Großherzogtum Luxemburg. Luxembourg, Éditions Binsfeld, S. 151.
  2. 2,0 2,1 2,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  3. D'Bestietnes war den 13. Thermidor An V (31. Juli 1797) zu Iechternach; d'Madeleine Leonardy ass de 4. August 1768 op d'Welt komm (cf. Deltgen genealogy [1])
  4. 4,0 4,1 Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  5. Journal de la ville et du grand-duché de Luxembourg 1829, No. 83 (17. Octobre), S. 4. [2] Kuckt och: Dieschbourg 2007, S. 147 (Uelegsmillen, Reiteschmillen) a S. 151 (Follmillen).