Gromperekichelchen
Gromperekichelcher sinn en traditionelle Plat aus gerappte Gromperen an de regionale Kiche vun Zentral- an Osteuropa. Et gëtt vill Rezepter bei deenen den Haaptbestanddeel ëmmer e faserege Bräi aus geschielten a gerappte Gromperen ass; donieft kann een, ënner anerem, Eeër, Miel, Ënnen, Speck, Planzefett, Schallotten, Huewerflacken, wäisse Kéiss, Péiterséileg, Salz, Peffer, Meskot oder Mairon derbäimaachen. Obscho Gromperekichelcher eigentlech net typesch lëtzebuergesch sinn, gëlle si zu Lëtzebuerg als Spezialitéit.
Gromperekichelcher kënnen entweeder salzeg oder séiss, zum Beispill mat Zocker, Friichten, Kompott oder Kanéil, giess ginn. An Nord-Ost-England gëtt et e Plat mam Numm 'tattie fish ("tattie" ass d'lokalt Wuert fir Gromper, a "fish" well de Kichelchen ausgesäit wéi e frittéierte Fësch), bei deem heiansdo Tomaten oder Kéis derbäi giess ginn. Den Ënnerscheed tëscht dem Gromperekichelchen an dem Schwäizer Rösti ass datt am Rösti keng Eeër a kee Miel verschafft ginn.
International Varianten
ännerenMat Gromperendeeg gëtt och soss uechter d'Welt gebrutscht, sief et als Galetten oder op méi speziell Aart a Weisen, z. B. als Rösti.
-
Däitsch Kartoffelpuffer
-
Israeelesch Latkes
-
Schwäizer Rösti
-
Tschechesch Bramboráki
-
Us-amerikanesch Hash brown
-
Wäissrussesch Draniki
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Rezept vun der Kielener Schoul (lb)
- Rezept (mat Fotoen) bei Global Table Adventure (en)
- Rezept vun engem Blogger (fr)
- Eng speziell Variant: Gromperepaangesch (lb) (fr)
Commons: Gromperegaletten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wiktionnaire: Gromperekichelchen Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |