Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

De Groe Papagei (Psittacus erithacus), ass e Papagei aus Westafrika an der Famill vun de Psittacidae. Den Timneh-Papagei (Psittacus timneh) gouf fréier behandelt, wéi Artgenosse, mä huet sech mëttlerweil zu enger eegener Aart entwéckelt.

Groe Papagei
Kapp vun engem Groe Papagei

Kapp vun engem Groe Papagei
Kapp vun engem Groe Papagei
Systematik
Psittacus erithacus

Beschreiwung änneren

De Groe Papagei ass e mëttelgrousse Papagei deen haaptsächlech gro ass. Säin typescht Gewiicht ass 400 g, mat enger Längt ëm déi 33 cm an enger Spanwäit vu 46–52 cm. En ass donkelgro iwwer dem Kapp an den zwéi Flilleken, wärend d'Plommen um Kapp an um Kierper e liichte wäisse Rand hunn. D'Schwanzplomme si rout. Wéinst der Auswiel vu Papageienziichter si verschidde Gropapageie ganz oder deelweis rout.[1] Béid Geschlechter gläiche sech. D'Faarf vun de Jonken ass wéi déi vun den Erwuessenen, mä d'A ass an der Reegel donkelgro bis schwaarz, am Verglach zu de gielen Irisen an donkelen Ae vun den erwuessene Vullen. Déi Erwuesse weien 418-526 Gramm.

Gro Papageie kënnen a Gefaangenschaft 40-60 Joer al ginn, obschonn déi mëttel Liewensdauer am Fräien ëm déi 23 Joer ass.

Referenzen änneren

  1. Papagei