De Gregory Stuart "Greg" Lake, gebuer den 10. November 1947 zu Poole, an England, a gestuerwen de 7. Dezember 2016, war e brittesche Bassist, Gittarist, Sänger, Songwriter a Museksproduzent.

Greg Lake
Gebuertsnumm Gregory Stuart Lake
Gebuer 10. November 1947
Poole
Gestuerwen 7. Dezember 2016
London
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Bassist, Gittarist, Sänger, Liddermécher, Museksproduzent

Hie gouf bekannt als Member vun de Progressive-Rock-Bands King Crimson an Emerson, Lake and Palmer.

Seng bekanntst Kompositioun dierft d'Ballad Lucky Man sinn, déi en nach wärend senger Schoulzäit geschriwwen hat.

Um Spaweck änneren

Commons: Greg Lake – Biller, Videoen oder Audiodateien