Grénge Veltliner
Thumb
Faarf
wäiss
Geschmaach
peffreg, wierzeg a fruuchteg
Alkoholgehalt
%
Temperatur fir ze drénken
°
Ubaugebidder
Éisträich, Ungarn,
Slowakei, Tschechien
Ubaufläch weltwäit
? ha

De grénge Veltliner, och nach Wäissgipfler genannt, ass eng Wäisswäin-Riefzort. Si gëtt haaptsächlech an Éisträich kultivéiert an zu klengen Deeler an Ungarn, an der Slowakei an an Tschechien.

Déi Zort wiesst am beschtem op Lössbuedem. D'Bandbreet geet vu liicht sprëtzegem Hauswäi bis hin zu qualitativen an alkoholräiche Wäiner, déi ausserdeem och nach lagerungsfäheg sinn.

Wou d'Zort genee hierkënnt, ka bis elo nach net definéiert ginn. Et gëtt awer ugeholl datt den Traminer ee vun de Virfahren ass an datt de Veltliner schonn am 18. Joerhonnert an Nidderéisträich ënner dem Numm Grénge Muskateller existéiert huet.

Kuckt och änneren

Wäibau an Éisträich