Godefroy vu Bouillon

(Virugeleet vu(n) Gottfried vu Bouillon)

De Godefroy vu Bouillon (och Godefroid oder Gottfried (de)), gebuer ëm 1060 a gestuerwen den 18. Juli 1100 zu Jerusalem, war e Commandant en chef beim Éischte Kräizzuch. No der Eruewerung vu Jerusalem gouf hien den éischte Regent vum nei gegrënnte Kinnekräich Jerusalem, wollt awer net "Kinnek" genannt ginn.

Godefroy vu Bouillon
Gebuer 1060 jul.
Boulogne-sur-Mer
Gestuerwen 18. Juli 1100 jul.
Jerusalem
Doudesursaach am Asaz gefall
Nationalitéit Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun
Aktivitéit Monarch, Schrëftsteller
Famill
Geschwëster Ida
De Godefroy vu Bouillon op enger Fresk an der Buerg Manta, ëm 1420.
De Godefroid vu Bouillon un der Spëtzt vum Éischte Kräizzuch. Miniatur aus dem 13. Joerhonnert

De Godefroy war den zweete jong vum Grof Eustache II. vu Boulogne an der Ida, der Duechter vum Herzog Godefroy III. vun Nidderloutrengen. Säi Monni, den Herzog Godefroy IV. vun Nidderloutrengen, dee selwer keng Kanner hat, huet hien zu sengem Ierwe gemaach, De Kinnek Heinrich IV. huet d'Herzogtum Nidderloutrengen, wéinst senger strateegesch wichteger Lag, sengem Jong Konrad iwwerdroen an dem Godefroid just d'Maarkgrofschaft Antwerpen an d'Herrschaft Bouillon gelooss; dat och fir seng Loyalitéit ze préiwen.

De Godefroy huet, mat Succès, seng Territoirë mat Hëllef vu senge Bridder Eustache III. a Baudouin kënne verdeedegen, och d'Buerg vu Bouillon 1077, wat him säi Bäinumm abruecht huet. Well e sech dem Kinnek als trei gewisen huet, krut hien 1089 d'Herzogtum Nidderloutrengen als Lehen.

No der Synod vu Clermont 1095 huet de Godefroid säi ganzt Verméige verkaaft an hiet sech dem Éischte Kräizzuch ugeschloss. Zeusmme mat sengen zwéi Bridder Eustache III. a Baudouin huet hie vum August 1096 un eng Arméi vu ronn 20.000 Mann vun der Lorraine aus laanscht de Rhäin an d'Donau op de Balkan gefouert. Am November hu si Konstantinopel erreecht. De byzantinesche Keeser Alexios I. vu Byzanz hien de Lehnseed ofleeë gelooss, déi Territoiren, déi e vun de Moslemen zeréckeruewere géif, Byzanz z'ënnerstellen.

Aner Kräizfuerer hu sech mat ugeschloss, woubäi de Godefroid net méi vill ze soen hat, de Bohemund vun Tarent an de Raymond IV. vun Toulouse haten ewell de Kommando. 1099, no enger Belagerung vun 8 Méint, konnte s'Antiochia erueweren. De Raymond huet gezéckt , weider op Jerusalem ze zéien, a sou hu sech de Godefroid an anerer ouni hien op de Wee gemaach. De 15. Juli 1099 drang war de Godefroid un der Spëtzt vun deenen, déi als éischt op Jerusalem erakoumen.

Nodeems de Raymond vun Toulouse d'Kroun vu Jerusalem refuséiert hat, well e sech net an där Stad wollt kréine loossen, wou de Jesus Christus eng Därekroun ggedroen hat, hat de Godefroid d'iddi, sech amplaz zum Advocatus sancti sepulchri, dem "Beschützer vum Heliege Graf" er nennen ze loossen. Sou gouf hien net nëmmen e weltlechen Herrscher, ma huet och der reliéiser Positioun vun der Stad Rechnung gedroen.

Wärend senger kuerzer Regierungszäit vu just engem Joer huet de Godefroy dat neit Kinnekräich Jerusalem géint d'Häre vu virdrun, d'Fatimiden aus Egypten, misse verdeedegen, déi den 12. August an der Schluecht vun Askalon geschloe goufen. Wéi déi bis gewonne war, hunn déi meescht, déi beim Kräizzuch matgemaach haten, hir Missioun als erfëllt gesinn an hu sech op den Heemwee gemaach. 1100 huet de Godefroid seng Muecht weider ausgebreet, z. B. huet eb d'Hafestad Jaffa befestege gelooss a weider Eruewerunge geplangt.

Vu Roum aus gouf geschwënn den Dagobert vu Pisa als Patriarch agesat. Dësen huet sech um Poopst seng Muecht an domat säin Usproch op d'Stad behaapt, an dem Godefroy kloer gemaach, dëse wier just do fir hir Uerderen auszefëllen. De Godefroy huet doropshin dem Dagobert versprach, Jerusalem a Jaffa dem Poopst z'iwwerginn, soubal d'Kräizfuerer Egypten eruewert hätten. Dës geschouch awer ni, an de Godefroy ass kuerz drop, am Juli 1100, gestuerwen. Zu de geneeën Ëmstänn vu sengem Doud gëtt et widerspréchlech Aussoen, vu Vergëftung iwwer Krankheet bis zu enger Schluecht, wou e vun engem Feil getraff gi wier.

Säi Brudder Baudouin gouf säin Nofollger.

Legendebildung änneren

Well hien deen éischte chrëschtlechen Herrscher vu Jerusalem war, gouf hie schonn am Spéitmëttelalter idealiséiert an eng sëllege Legende ronderëm hie gesponnen. A ville Ritterepen a Chronike geet vun him rieds.

Am 19. Joerhonnert gouf en am nei geschaafte Staat Belsch als idealiséierten Held duergestallt, deen déi "belsch" Dugende schonn am Mëttelalter verkierpert hätt (Et gëtt ugeholl, hie wier zu Boulogne-sur-Mer gebuer, mä eng obskur Quell schwätzt vu Baisy-Thy, wat vun den deemolege belschen Historigraphen natierlech gär opgegraff gouf. Um Sockel vun der Statu, déi op der Place royale zu Bréissel opgeriicht gouf, stteet Baisy als Gebuertsplaz).

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Godefroy vu Bouillon – Biller, Videoen oder Audiodateien