Marcel Gottlieb

franséischen Auteur an Zeechner vu Bande-dessinéeën
(Virugeleet vu(n) Gotlib)

De Marcel Gottlieb, bekannt als Gotlib, gebuer de 14. Juli 1934 zu Paräis, a gestuerwen de 4. Dezember 2016 am Departement Yvelines[1], war e franséischen Auteur an Zeechner vu Bande-dessinéeën.

Marcel Gottlieb
Gebuertsnumm Marcel Gotlieb
Pseudonym Gotlib
Gebuer 14. Juli 1934
14. Arrondissement
Gestuerwen 4. Dezember 2016
Le Vésinet
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Comicauteur, Dréibuchauteur, Karikaturist, Zeechner
Seng Ënnerschrëft

Hie gouf bekannt duerch seng Serie Gai-Luron an den Zäitschrëfte Vaillant a Pif Gadget, iwwer en driipsegen Hond, dee vum Tex Avery sengem Droopy inspiréiert war. Dono huet hien an der Zäitschrëft Pilote mam René Goscinny Les Dingodossiers publizéiert, déi en, nodeems de Goscinny him wéinst ze vill Aarbecht och d'Schreiwen iwwerlooss huet, als La Rubrique-à-brac weidergefourt huet;

An de stiermesche Mee-68er-Zäiten huet hie mat aneren Auteuren de Pilote verlooss a mat hinnen zesummen L'Écho des savanes gegrënnt. Enn vun den 1970er Joren huet hie seng eegen Zäitschrëft, Fluide glacial, kreéiert. Bekannt Personnagen dodra waren de Scout Hamster Jovial, de Superdupont (d'Virbild vum Superjhemp) oder de Pervers Pépère.

Hien huet och Filmdréibicher geschriwwen, an eng sëllegen Artikelen am Fluide glacial, nodeems en do vun der Mëtt vun den 1980er Joren u kaum nach gezeechent huet.

1993 huet hie seng Autobiographie erausbruecht, J'existe, je me suis rencontré, an där en ë. a. och seng Kandheet beschreift, déi en am Krich, als Kand vun ungaresche Judden, verstoppt bei enger Bauerefamill verbruecht huet.

Albumen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Marcel Gottlieb – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Gotlib, l'auteur de bande dessinée, est mort." Le Monde, 4 décembre 2016