D'Golden Gate Bridge ass eng Hänkbréck zu San Francisco a Kalifornien, déi iwwer d'Golden Gate Mieresstrooss féiert, déi vum Pazifik an d'San Francisco Bay féiert. Souwuel d'U.S. Route 101 an d'California State Route 1 ginn iwwer d'Bréck, a verbannen d'Hallefinsel vu San Francisco mam Marin County am Norden.

Golden Gate Bridge
Koordinaten 37°49'11"N, 122°28'43"W

D'Golden Gate Bridge ass eent vun de bekanntste Symboler vu San Fransisco a vu Kalifornien, fir net ze soen, vun de Vereenegte Staaten.

D'Bréck ass vum amerikaneschen Ingenieur Joseph B. Strauss entworf ginn. De Bau huet 4 Joer gedauert an deemools eng 35 Milliounen Dollar kascht. De 27. Mee 1937 gouf se feierlech ageweit.

Moossen änneren

 
Längt, Héicht an Déift vun der Bréck

Eng 30 Usträicher suerge permanent dofir, datt d'Bréck hir typesch orange Faarf behält[1]

 

Um Spaweck änneren

Commons: Golden Gate Bridge – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. How many ironworkers and painters maintain the Golden Gate Bridge?, goldengatebridge.org