Goethe Link-Observatoire

De Goethe-Link-Observatoire ass en Observatoire an der Géigend vun der Klengstad Brooklyn am US-Bundesstaat Indiana. Den Observatoire gehéiert der Indiana University a gëtt vun der Indiana Astronomical Society bedriwwen.

Den Observatoire gouf am Joer 1937 opgeriicht. Den Teleskop gouf 1939 fir d'éischt a Betrib geholl. Den Observatoire krut säin Numm zu Éiere vum Dr. Goethe Link. Dat war en Dokter vun Indianapolis, Indiana, deen den Observatoire mat eegene private Mëttele baue gelooss huet. Am Joer 1948 huet den Dr. Link den Observatoire der Universitéit vun Indiana geschenkt.

Um Goethe-Link-Observatoire gouf eng Rei vun Asteroiden entdeckt. Déi sinn am Minor Planet Center (MPC) ënner "Indiana University" opgelëscht, déi do vun 1949 bis 1967 den Indiana Asteroid Program duerchgefouert hunn. Zu Éiere vum Grënner gouf ee vun den do entdeckten Asteroiden, (1728) Goethe Link genannt.

Um Spaweck änneren