Glasnost (гласность, wat op Russesch souvill wéi "Transparenz" heescht) bezeechent dem Michail Gorbatschow seng am Mäerz 1985 agefouerten nei Politik vun enger méi grousser Transparenz an Oppenheet vun der sowjetescher Staatsféierung géinteniwwer der eegener Bevëlkerung. De Gorbatschow wollt domat eng ëffentlech Diskussioun iwwer d'Kris vun der sowjetescher Ekonomie ausléisen a sou seng konservativ Géigner an der Partei ënner Drock setzen, déi Oppositioun géint d'Usätz vu senger 1987 agefouerter wirtschaftlecher Ëmstrukturéirungspolitik Perestroika gemaach hunn.

D'Tendenz vum Glasnost huet awer och d'Meenungsfräiheet mat sech bruecht, an deemno och der Bevëlkerung hiert Recht, de System an de Regime ze kritiséieren. Glasnost ass schonn an den 1970er Jore vu villen Dissidente gefuerdert ginn. Et huet awer wéi gesot gedauert bis datt de Gorbatschow un d'Muecht komm ass, ier d'Glasnost och ëmgesat ginn ass.

Um Spaweck änneren