Den Giuseppe Arcimboldo gebuer ëm 1526 zu Mailand an och do den 11. Juli 1593 gestuerwen, war e Moler vun der Spéitrenaissance, speziell vum Manierismus. Hien ass berüümt fir seng Portraiten, déi aus Uebst, Geméis, Fësch oder soss Objeten zesummegesat sinn.

Giuseppe Arcimboldo
Gebuer 1527 jul.
Mailand
Gestuerwen 11. Juli 1593
Mailand
Aktivitéit Moler, Bauzeechner, Designer

Hie war Ufanks Moler um Wiener Haff, ënner de Keesere Ferdinand I., Maximilian II. a Rudolf II.. 1570 goung en op Prag op den Haff, wou en nieft der Molerei och als Ingenieur, Kostümzeechner a Museker aktiv war, zoustänneg fir Fester z'organiséieren. Nëmmen en Deel vu senge Wierker si bis haut erhale bliwwen.

Am 20. Joerhonnert gouf seng Konscht vun de Surrealisten, absënns dem Salvador Dalí, erëmentdeckt.

Den Asteroid (6556) Arcimboldo gouf no him genannt.

Auswiel vu Wierker änneren

  • De Geméisegäertner oder eng Spiicht mat Geméis (Op-der-Kopp-Bild), Museo ala Ponzone Cremona
  • De Kinnek Herodes, Portrait aus Kannerläichen, Venedeg
  • Rudolph II. als Vertumnus, Portrait aus Geméis, Friichten a Blummen; Schlass Skokloster
  • Déi Véier Joreszäiten, 1563
  • Déi Véier Elementer, 1566
  • De Bibliothecaire, Porträt aus Bicher
  • De Jurist, 1566

Literatur änneren

  • Kindlers Malerei Lexikon im dtv, Band 1, DTV Verlag München 1976, ISBN 3-423-05956-7
  • Sylvia Ferino-Pagden (Hg.): Arcimboldo (1526–1593). Ausstellungskatalog des Kunsthistorischen Museums. Wien, 2008. ISBN 978-3-85497-118-4
  • Benno Geiger: Die skurrilen Gemälde des Giuseppe Arcimboldi. Wiesbaden. Limes 1960.

Um Spaweck änneren

Commons: Giuseppe Arcimboldo – Biller, Videoen oder Audiodateien