Giacinto Berloco
apostouleschen Nuntius
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Giacinto Berloco, gebuer den 31. August 1941 zu Altamura, Provënz Bari an Italien, ass en italieenesche Geeschtlechen, kathouleschen Äerzbëschof an Diplomat vum Hellege Stull.
Giacinto Berloco | |
---|---|
Gebuer |
31. August 1941 Altamura |
Nationalitéit | Italien |
Aktivitéit | Theolog, Kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
Hie gouf de 15. Mäerz 1990 vum Jean-Paul II. zum Titularbëschof vu Fidenae geweit.
Vun 1993 bis 2016 war hien apostouleschen Nuntius fir verschidde Länner:
- 17. Juli 1993: fir Costa Rica,
- 5. Mee 1998: fir El Salvador, Belize an d'Antillen,
- 24. Februar 2005: fir Venezuela,
- 18. Juni 2009: dir d'Belsch an zousätzlech de 24. Juli 2009 fir Lëtzebuerg. Hie war domat den Nofollger vum Karl-Josef Rauber, bis en am September[1] 2016 pensionéiert gouf.
Den 8. Mäerz 2017 gouf de Giacinto Berloco vum Poopst Franciscus als Member vun der Bëschofskongregatioun genannt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Giacinto Berloco – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Mount net sécher
- Quell wou net anescht uginn: Fiche vum Giacinto Berloco op www.catholic-hierarchy.org (gekuckt den 19. Mäerz 2022)