Geozentrescht Koordinatesystem

D'geozentrescht Koordinatesystem ass en dräidimensionaalt rechtwénklegt kartesescht Koordinatesystem mat de Koordinaten X, Y an Z. Säi Koordinatenurspronk (0,0,0) läit am Massemëttelpunkt vun deem als Modell vun der Äerd gewielter Referenzellipsoid.

Geozentrescht Koordinatesystem

D'Z-Achs verleeft laanscht d'mëttels Rotatiounsachs vun der Äerd. Si gëtt vum Internationalen Déngscht fir Äerdrotatioun a Referenzsystemer (IERS) als IERS-Referenz-Pol (IRP) festgeluecht an et gi sou déi aktuell exakt Polbeweegungen ignoréiert. D'X-Achs verleeft op der Héicht vum Equator duerch den Nullmeridian (Greenwich). Also verleeft d'Y-Achs, well si am rechte Wénkel zu den aneren zwou Achse steet, an Héicht vum Equator no Osten.

D'Koordinatenachse bilden e Rietssystem, dat sech mat der Äerd dréit. Sou bleift den Ofstand vun engem Punkt an dësem Koordinatesystem ëmmer d'selwecht am Verhältnes zu enger bestëmmter Plaz op der Äerduewerfläch.

E bekannt geozentrescht Koordinatesystem ass d'ECEF (Earth-Centered, Earth-Fixed) System, dat bei der Satellittennavigatioun gebraucht gëtt fir d'Positioun vun de Satellitten ze beschreiwen. Et gëtt benotzt, well een dobäi kee spezifeschen Ellipsoid brauch unzeginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren