Georges-Louis vu Berghes

De Georges-Louis vu Berghes, gebuer de 5. September 1662 zu Bréissel, a gestuerwen de 5. Dezember 1743 zu Léck, war e Kavalleriesoffizéier am Déngscht vun de spueneschen Nidderlanden, Doumhär vu Saint Lambert zu Léck, vum 17. Dezember 1695 un, a vum 7. Februar 1724 un, Prënzbëschof vu Léck.

Portrait vum Georges-Louis vu Berghes

Seng Konkurrente fir de Bëschofstroun waren den Äerzbëschof vu Köln, de Klemens-August vu Bayern, dee sengem Virgänger säin Neveu war, de Kardinolprënz vu Sachsen, an den Äerzbëschof vu Vienne am Dauphiné.

Hi gouf zolidd vum Doumkapitel ënnestëtzt, well d'Doumhären e Bëschof wollten, deen ëmmer present war, a seng permanent Residenz am Bistum hat.

Den de Berghes deen zimmlech autoritär war, huet déi Lécker Territorialrechter zéi géint d'éisträichesch Nidderlande verdeedegt.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Georges-Louis vu Berghes – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger   Nofollger
Joseph Clemens vu Bayern Bëschof vu Léck
1724 - 1743
Johann Theodor vu Bayern