George Gershwin

US-amerikanesche Komponist

Den George Gershwin, gebuer de 26. September 1898 zu Brooklyn, New York, a gestuerwen den 11. Juli 1937 zu Hollywood, mam richtegen Numm Jacob Gershowitz, war en -US-amerikanesche Komponist, dee bekannt ass fir seng Stécker op der Grenz tëscht klassescher Musek an Jazz.

George Gershwin
Gebuertsnumm Jacob Gershwine
Pseudonym Gershwin
Gebuer 26. September 1898
Brooklyn
Gestuerwen 11. Juli 1937
Hollywood
Doudesursaach Hirekriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Komponist, Jazzpianist, Lidderschreiwer, Filmkomponist, Moler, Dirigent, Pianist

Hien huet d'Musek vun enger sëllege Musicale geschriwwen, wéi Lady, Be Good!, Oh, Kay!, Funny Face (méi spéit verfilmt gi mam Fred Astaire an der Audrey Hepburn an den Haaptrollen), Show Girl, Strike up the Band, Crazy for You an Of Thee I Sing.

Seng Songbooks goufe vu verschiddene Sängerinnen a Sänger opgeholl, déi bekanntst däerft déi Versioun vun der Ella Fitzgerald sinn.

Hien huet och méi "seriö" Saache komponéiert. Ënner de méi bekannte Stécker ass d'Rhapsody in Blue (1924), mat däitlechen Jazz-Elementer dran, de Concerto in F (e Pianoconcert) an An American in Paris.

Säi bekanntst Stéck däerft awer d'Oper Porgy and Bess (1935) sinn, déi éischt, an där all d'Haaptrolle vu schwaarze Gesangsinterprete gepillt ginn. Si gouf allerdéngs net sou dacks opgefouert.

De Gershwin ass mat just 38 Joer un engem Hirekriibs gestuerwen.

Wierker (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: George Gershwin – Biller, Videoen oder Audiodateien