E Genius (an der Méizuel: Genien, vum lat. gignere "ervirbréngen", "grënnen") ass an der réimescher Mythologie de perséinlechen, onsichtbare Schutzgeescht vum Mënsch, vun deem e scho bei der Konzeptioun Besëtz ergräift oder dee schonn zesumme mat him gemaach gëtt. De Genius als personifizéiert Gottheet staamt vum héchste Gott Jupiter a vun der Äerd.

Wann en duergestallt ginn ass, da gär als Schlaang déi sech ëm en Altor wéckelt a vu Friichten, déi do duerbruecht gi sinn, ësst (z. B. zu Pompeji); soss och nach als e Kand mat engem Rack dee mat Stäre besat ass, engem Blummekranz, engem Füllhorn an dacks och mat Flilléken. D'Haaptfest vum Genius war de Gebuertsdag vu sengem Protégé.

All Réimer hat säi perséinleche Genius, deen entweeder männlech geduecht war (säi weiblecht Géigestéck war d'Juno respektiv d'Lucina) oder, an der Keeserzäit, en ongeschlechtleche Geescht fir béid Geschlechter war. Eng besonnesch Bedeitung hat och de Genius vum pater familias, dem Familljepapp. A seng Veréierung sinn och d'Sklave mat abezu ginn. Eng Erweiderung huet dëst zanter dem Augustus kritt; mam genius augusti ass säi Genius besonnesch am Kult gefeiert ginn an huet sech am Kader vum Keeserkult an der Vergëttlechung vum Keeser ëmmer méi entwéckelt. En Eed gouf och dacks am Numm vum Genius vum Keeser ofgeluecht.

D'réimesch Virstellung vum Genius gläicht der Usiicht vum griichesche Philosoph Sokrates, dee gegleeft huet, säin Daimon un senger Säit ze hunn. Och d'Germanen hu mat de Fylgjen an Hamingjen hir perséinlech Schutzgeeschter kannt. Dozou passt och déi chrëschtlech Virstellung vum perséinleche Schutzengel.

Spéitstens am Mëttelalter ass de Genius eng allgemeng Bezeechnung fir Geeschter ginn. Als genius loci hu se eng bestëmmt Plaz bewunnt an hunn domat den Dämonen déi an der Bibel ernimmt goufen an z. B. a Ruinen gewunnt hunn, geglach.

Vu "Genius" staamt och de Begrëff "Genie" of, deen eng besonnesch talentéiert Persoun bezeechent.

Um Spaweck änneren

Commons: Genius – Biller, Videoen oder Audiodateien